De Mann aus dem Labbere Feierowend an d’Jippelchen aus der Ekipp.

Mat 4 Joer huet de Chris mat sengen Elteren en Deal gemaach: Hie sollt ophalen um Daum ze lutschen a konnt sech amplaz eppes wënschen. Béid Säiten hunn sech un hiren Deel vum Agreement gehalen, esou datt dunn e sëlwer-mofe Philips-Radio de Wee um Chris säin Nuetsdësch fonnt huet. Zanterhier leeft quasi all Dag de Radio, esouguer owes fir anzeschlofen. 18 Joer méi spéit ass hien iwwert e puer Ëmweeër dann och tatsächlech beim Radio gelant.

De Sproch „Alles op de leschte Stëppel!“ passt relativ gutt bei de Chris. Sief et, datt Rechnunge konsequent 2 Wochen um Schreifdësch leie bleiwen, et drëms geet e Kaddo ze besuergen oder eng Deadline anzehalen.  Wat him och nach schwéier fält ass NEE soen, besonnesch op d’Fro „Kënns du mat een drénken?“. Ganz dacks bleift et dann iwweregens och net bei engem - dir kennt et alleguer…

Soss ass de Chris awer éischter e Rouegen. Ausser wann et ëm Sport geet, do gëtt no engem gäile Ballwiessel gären och emol vun der Couche opgesprongen oder eng grouss Krokodilstréin gedréckt wann et emotional gëtt. Dënschdes, donneschdes a samschdes ass hien hannert dem Ping-Pong-Dësch (Jo, vu mir aus kann een och „Ping-Pong“ soen!) dann och selwer aktiv. De Rescht vun der Woch steet hie virum Dartboard an ass op där verzweifelter Sich no 180er.

Beim Eldo këmmert de Chris sech ëm d’Musek a suergt am Labbere Feierowend dofir, datt d’Eldoland gutt heem kënnt. Dat ëmmer méindes bis freides vu 15:00 bis 19:00 Auer - mir héieren eis! An denkt ëmmer drun: Cool bleiwen!

Zréck op Crew >>>