Ee Meeschter beherrscht säi Chaos

D'Jackie huet Geschicht studéiert, an dat einfach aus dem Grond, well eng flott Reklamm um Radio ze héiere war. An genau sou kann een d'Jackie och beschreiwen. Hatt hëlt d'Liewe wei et kënnt an ass spontan fir alles ze hunn. Ausser fir dat frei opstoen. Do huet hatt dann awer seng Grenz gezunn.

Spéitstens wann d'rout Luucht u geet an d'Jackie duerch de Radio erkléngt, ass hat zu 100 Prozent dobäi. Do virdrun huet hatt vill Chance, dass de Kapp ugewuess ass. Ee Meeschter beherrscht säi Chaos, gëtt gesot, mee d' Jackie schafft nach u sengem Meeschtertitel...

Zréck op Crew >>>