Et ginn allerlee nei Funktiounen bei Whatsapp fräigeschalt. Wéi eng dat sinn fannt der hei eraus!

1. Support fir méi Apparater

Bis elo war et esou, dass ee Whatsapp nëmmen op engem Apparat notze konnt. Wien de Messenger-Déngscht awer op e puer Geräter gläichzäiteg notze wollt konnt dat net maachen. Dat soll dann elo änneren. Eigentlech hat ee scho fir 2020 mat dësem Update gerechent, ma elo soll et 2021 sou wäit sinn.

Lauschtert hei eran!

2. Eng eegestänneg iPad-App

Bis elo missten d'Besëtzer vun engem iPad iwwert d'Web-Variant vu Whatsapp fueren, an hir Handysnummer domat verlinken. Elo soll dat awer änneren. An Zukunft géif et dann eng eegestänneg App fir d'Notzer um iPad ginn. Dofir wier dann eng eegen Nummer néideg fir den iPad ze registréieren. Ma dëst kéint wuel änlech funktionnéiere wéi bei der Business-Versioun fir iPhone.

3. Direkt Noriichte vu Whatsapp

Dësen Update huet dann eng Auswierkung op all d'Notzer vum Messenger-Déngscht. An Zukunft wëll Whatsapp sech duerch direkt Messagen un d'Notzer vun der App riichten. Sief dat, fir iwwert nei Funktiounen z'informéieren, oder Reklamm an eegener Saach ze maachen. Fir dës Funktioun muss Messenger sech awer bis den 8. Februar 2021 d'Erlaabnis vun den Notzer froen. Dann trieden déi nei Notzungsrichtlinnen a Kraaft.

4. Iwwer Whatsapp Sue verschécken a bezuelen

No enger Testphase vun e puer Joer, déi an Indie gelaf ass, soll dës Funktioun elo am Laf vum Joer 2021 och weltwäit goen. Doriwwer kënne Familljemembere sech géigesäiteg Sue schécken, Rechnunge vu Restauranten oder Coiffer an anere Déngschtleeschtunge bezuelen.