Persounen déi motoresch a sproochlech eng Beanträchtegung hunn, kënne sech mat dëser App einfach a séier matdeelen.

Lauschtert eran

Look to Speak ass eng Kommunikatiouns-App déi et Mënsche mat sproochlechen an/oder motoresche Beanträchtegungen et erméigleche soll séier an onkomplizéiert ze kommunizéieren. D’App ass gratis a fir quasi all Android-Gerät mat Frontkamera disponibel.

D’Look to speak App erlaabt et de Mënsche mat den Aen iwwert en Eye-Tracking ze kommunizéieren. Zesumme mat der säit Jore motoresch a sproochlech beanträchtegter Kënschtlerin Sarah Ezekiel an hirer Logopedin, ass dat ganzt Konzept entwéckelt ginn.

Wéi funktionéiert déi App elo? De Smartphone gëtt knapp ënnert der Aenhéicht placéiert a scho kann et lassgoen. An der App sinn nämlech verschidde Sätz a Wieder virprogramméiert, déi mat der Beweegung vun den Ae kënnen ausgewielt ginn. Déi Sätz kënnen natierlech individualiséiert ginn. Esoubal e Saz fäerdeg zesummegestallt ginn ass, liest eng Computerstëmm dëse fir.

Wéi Google matdeelt, soll dëse Programm awer op kee Fall aner Produite fir Kommunikatioun vu motoreschen a sproochlech beanträchtege Mënschen ersetzen. D’App soll just an deene Situatiounen zum Asaz kommen an deenen ee grad soss näischt anert wéi säi Smartphone parat huet.