Stellt iech fir dir hätt een deen iech permanent doheem hëlleft? Genau dat ass an Zukunft duerch Samsung méiglech.

Lauschtert eran

Verschidde Mënschen op der Welt riichten hiert Liewe ganz no der Technologie a setzen och alles dorun, wieder Technologien ze entwéckelen. Déi Plaz op der déi innovatiivst Erfindung presentéiert ginn ass d‘ Consumer Electronics Show. Et ass eng vun deene gréissten Technologie Foire weltwäit an zwar zu Las Vegas. Dëst Joer ass se virtuell an huet den 11. Januar ugefaangen an dauert nach bis de 14.

Ganz speziell ass dëst Joer eppes vu Samsung virgestallt ginn. Quasi jidderee vun eis hat scho mol d’Flemm wéinst den Haushaltsaarbechten déi een esou Dag fir Dag ze maachen huet. Ma genau dee Gedanken haten och d’Leit vu Samsung an hunn do eppes erfonnt wat am Haushalt hëlleft, fir et genau ze soen, iwwerhëlt déi Maschinn esouguer ee ganzen Deel.

Heibäi handelt et sech nämlech ëm e Roboter mam Numm Bot-Handy. Vun der Form hier gesäit en aus wéi e groussen Handy dee Vertikal duerch d’Wunneng rullt, huet Ärem an Hänn mat deene gräife kann. Et ass dem Roboter esouguer méiglech Materialien ze erkennen an den Drock vum gräifen deemno unzepassen.

Wat gehéiert alles zu sengen Aufgaben? An Zukunft wäert en hëllefen d’Spullmaschinn anzeraumen, d’Wunneng ze raumen an och mol heiansdo d’Wäiglas ze fëllen.

Natierlech ass de Bot-Handy nach net esou um Marché ze kréien, wat awer an Zukunft kéint méiglech ginn.