© Screenshot YouTube
Den Tamagotchi ass scho säit Joren net méi aktuell. Elo gëtt et eng ganz nei Aart vu kënschtlechem Déier fir Doheem.
Eis Welt digitaliséiert sech ëmmer méi an d'Technik ass momentan op engem Entwécklungsstand deen, wann ee kuckt wéi et nach virun 20 Joer war, enorm ass. E Progrès deen nach laang wäert esou viru goen, virun allem wann ee gesäit wat alles an der Entwécklung ass, respektiv wat ee schonn alles um Marché kafe kann.
E Roboter deen am Haushalt hëlleft huet Samsung zu Las Vegas op der CES presentéiert. Manner grouss a genau esou erstaunlech ass de Produit ''Moflin'' vun der japanescher Firma ''Vanguard Industries''. Kuerz gesot ass et en Hausdéier-Roboter mat enger kënschtlecher Intelligenz. Optesch erënnert en un eng Mëschung aus engem Mierschwéngchen an enger Kaz, dat awer ganz ouni Been.
De klenge Roboter besëtzt emotional Fäegkeeten déi sech mat der Zäit weiderentwéckelen. De ''Moflin'' soll zum Beispill mat der Zäit léieren, tëscht verschiddene Mënschen ze ënnerscheeden an Emotiounen duerch Beweegung a Geräischer auszedrécken. Dat klengt Déierche kann also weisen, ob et roueg, ängschtlech, opgereegt, gestresst oder traureg ass. Ass de ''Moflin'' midd, leet een en an eppes wat ausgesäit wéi en Nascht, wou dësen dann ouni Kabel säin Akku luet a wärend dem Schlof weider Geräischer mécht.
Mat enger Kickstarter Campagne huet d'Firma knapp 65 Millioune Yen, also knapp 512'160 Euro, gesammelt. Et kann een de Moflin also elo och scho fir 330 Euro bestellen. Ausgeliwwert gëtt en da viraussiichtlech am Juni 2021.