De Mount ass net méi dat gréissten Zil, mee de Mars. Mënschen op de Mars ze schécken ass d'Visioun vum Elon Musk, déi esou lues konkret gëtt.

Lauschtert eran

D'Äerd mat enger Rakéit vun 120m Héicht verloossen a sech op de Wee Richtung Mars maachen fir dësen ze koloniséieren an do Liewen ze erméiglechen. Dat kléngt wéi aus StarTrek oder Starwars ma ass hei awer elo net just Science-Fiction mee Realitéit. Ugefaangen huet dat ganzt mat engem Mann deen als verréckt an onrealistesch duergestallt gouf, bis seng Visioune reell gi sinn. Riets geet hei vum Elon Musk, de Mann hannert SpaceX, eng Firma déi genau déi Mars Missioun envisagéiert.

Eng Visioun ass et scho laang net méi. D'Rakéit mam Numm Starship, soll sech nämlech schonn nächst Joer op de Wee Richtung Mound maachen. 2 Joer dono, also 2024 ass dann dat Joer op deem d'Raumschëff sech héchstwarscheinlech Richtung Mars mécht, dat awer mol an éischter Linn ouni Astronauten. 2026 ass vum CEO Elon Musk als dat Joer genannt gi wou dann deen éischte bemannte Flug Richtung Mars goe soll. Wat net ganz einfach gëtt, well tëscht der Äerd an dem Mars leien nämlech 54,6 Millioune Kilometer. Mam Starship géing dat fir d'Astronaute bedeiten en Trajet mussen ze maachen, dee mindestens 6 Méint dauert.

D'Räumschëff ''Starship'' ass awer bis elo nach net 100% asazbereet. Beim leschten Testversuch am Dezember ass de Prototyp nämlech bei der Landung vun engem Testfluch, ze séier opkomm an explodéiert.

Déi Feeler sinn awer elo behuewe ginn an deen nächste Prototyp steet scho prett fir de Start an zwar um Launch-Site zu Boca Chica an Texas.

Eigentlech hätt de 25. Januar sollen den Datum vum Start sinn. Deen ass allerdéngs elo schonn e puer mol verréckelt ginn. Et gesäit momentan esou aus wéi wann dee viraussiichtlechen Datum vum Launch haut den 28. géint 16h00 eiser Zäit wär. Mat Sécherheet kann een dat elo allerdéngs net soen. Déi Decisioun wäert zimmlech kuerzfristeg getraff a matgedeelt ginn.