Fir en Diabetiker heescht et reegelméisseg de Bluttzocker ze moossen. Ma mat Apple a Samsung kéint dat an Zukunft ouni Bluttprouf méiglech sinn.

Lauschtert eran

Wann et ëm déi perséinlech Iwwerwaachung vu Vitalfunktioune geet, ass d'Apple-Watch schonn haut ee ganz beléifte Produit. Mat der aktueller Watch vun Apple, kann ee mëttlerweil esouguer schonn en EKG maachen, dee vun engem Dokter kann ausgewäert ginn an esouguer de Sauerstoffundeel am Blutt léisst sech domat moossen.

Ma Apple geet dat allerdéngs nach laang net duer. D'Apple Watch Series 7, déi anscheinend nach dëst Joer soll erauskommen, huet verschiddenen Insider no nach eng weider grouss Funktioun. Schonn 2018 huet e Patent vun Apple dorobber higewisen, dass se un enger Méiglechkeet schaffe fir den eegene Blutzockerspigel mat enger net-invasiver-Method ze moossen.

Wéi di koreanesch Websäit Etnews.com matdeelt, ass Apple am Gaang drun ze schaffen ee Sensor fir de Bluttzockerspigel ze moossen an déi nei Apple-Watch anzebauen. Genau Detailer iwwert d'Technik ass awer bis ewell net gewosst.

Dat ass awer nach laang net dat eenzegt. Niewent Apple soll och Samsung nach 2021 hier Samsung Galaxy-Watch 4 mat esou engem Sensor op de Marché bréngen. Béid Produite moossen de Bluttzockerspigel ouni eng Bluttprouf mussen ze enthoulen.

Wann ee bedenkt, dass 2016 ëm di 5% vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung un Diabetis erkrankt war, ass dat effektiv en Tool, deen och hei am Land e grousse Succès kéint hunn. Der Websäit Etnews.com sinn dat alles Infoe vun Insider. Et huet een also nach keng 100% Garantie, dass déi Produiten effektiv nach dëst Joer eraus kommen. Ma eleng de Fait, dass do e Patent ugemellt ginn ass, ass de beweis, dass un deem Produit geschafft gëtt.