E-Bike oder E-Auto. Ganz vill Leit hu mëttlerweil ee vu béides oder villäicht esouguer déi zwee. Ma elo ass eng drëtt Variant mat am Spill.

Lauschtert eran

Et mierkt een, dass d'Elektromobilitéit och hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi present gëtt. No an no kënnt deen Trend ëmmer méi op, dat virun allem well grouss Stécker op déi Technologie gehale ginn, virun allem wat eng nohalteg Zukunft ugeet.

D'Firma EV Mobility mécht genau am deem Beräich ee Schratt no fir. Se huet nämlech ee vollelektrescht Dräirad entwéckelt, dat 90 Kilometer Reechwäit a 25 km/h Topspeed areeche soll. Niewent dem Elektresch ass och d'Material vum LEF op Nohaltegkeet ausgeluecht.

Déi hollännesch Firma EV Mobility huet deemno elo een elektrescht Dräirad entwéckelt, wat eng Kombinatioun aus E-Bike an E-Auto ass. D'Form vum klenge Fortbeweegungsmëttel mam Numm LEF erënnert hei e bëssen un en Handbike just, dass een hei net an d'Pedallen trëppele muss. Zu 100% elektresch beweegt sech dëse modernen Dräirad vun der Plaz, huet e verstellbaart Steierrad, een digitale Bildschierm a ganzer 3 Batterie verbaut.

De Fokus läit hei ganz kloer op der Nohaltegkeet. D'Karosserie ass deemno aus nohaltegem Polyethylen a ganz ouni Lack hiergestallt ginn. Dobäi huet een hannert dem Chauffer och nach e Stauräum vu 50 Liter.

Deier ass d'Erfindung net. Tëscht 3100 a 4400 Euro muss een dofir op den Dësch leeën. An Holland kann een dat klengt Gefier esouguer fir 25 Euro pro Dag léinen.