© Mars Rover Perseverance / NASA
Eng Missioun déi iwwert Jore geplangt gouf, kënnt elo an d'Endphas an dat esouguer mat Live-Stream.
Den 18. Februar 2021 ass fir d’Leit vun der NASA ee ganz groussen Dag. D'lescht Joer am Juli hu se nämlech vun der Raumfaart-Base am Cape Canaveral eng Rakéit mam Mars-Rover Perseverance Richtung Mars geschoss. Dësen ass e Roboter deen um roude Planéit soll Fuerschunge maachen a Prouwen enthuelen, déi duerno ënnersicht ginn.
De Rover ass dee gréissten, schwéiersten an technesch performantsten dee jee an de Weltall geschoss ginn ass. Equipéiert ass d’Maschinn mat 7 wëssenschaftlechen Instrumenter, 23 Kameraen, engem Laser a wäit iwwert 1'000 Kilo. Alles zesummen huet de Perseverance d’NASA ronn 2,2 Milliarden Euro kascht. Natierlech ass dat ganzt eng Missioun déi scho laang geplangt ass a vill Zäit kascht huet - esou dass alles zesumme ronn 8 Joer gedauert huet.
Ma no wat genau wëllen d’Wëssenschaftler um Mars sichen? D’Iddi ass hei, dass de Roboter no "mikrobiellem" Liewe sicht, d’Klima an d’Geologie vum Planéit erfuerscht an och nach Prouwe vu Stëbs a Steng soll enthuelen, déi da kënnen ënnersicht ginn.
Eng grouss Missioun déi also säit 8 Joer bis op dee klengsten Detail geplangt an duerchduecht ass. Den 18. Februar ass et dann esou wäit an de Rover Land um Mars. Dat ganzt kann een natierlech am Livestream verfollegen, respektiv och alles nach eng Kéier nokucke wann d’Maschinn bis gelant ass.
Klickt hei fir weider Informatiounen an de Live-Stream vun der Nasa
2012 ass schonn ee Rover um roude Planéit gelant an zwar dee mam Numm ''Curiosity''. Dëse schéckt haut nach reegelméisseg Foto vum Mars op d'Äerd. Hei zum Beispill huet de Roboter esouguer e Selfie gemaach.
© Mars-Rover Curiosity / NASA
De ganze Video vun der Landung am Joer 2012 kënnt der hei kucken.