Emissiounsfräi mam Auto ënnerwee sinn, eng Thematik déi aktuell ganz present ass. De klasseschen E-Auto ass do net déi eenzeg Léisung.

Lauschtert eran

Bei der Fro wéi d'Mobilitéit vun der Zukunft ausgesäit, kritt een dacks den Elektro-Auto als Äntwert. Dat kann allerdéngs och weider Froen opwerfe wéi zum Beispill, ob et nach Alternative ginn. Jo, déi ginn et an zwar ënnert anerem de Waasserstoff-Auto.

Korrekt ausgedréckt ass et e Brennstoffzellen-Auto a vun der Basis hier ass et en elektronescht Gefier. Den Ënnerscheed ass, dass eng Brennstoffzell mat Waasserstofftank verbaut ass an de Stroum wärend dem Fueren erzeugt gëtt. Eng kleng Batterie funktionéiert hei als Tëschespäicher fir zum Beispill Rekuperatiounsenergie opzehuelen an ze späicheren.

An der Brennstoffzell gëtt elektresche Stroum aus Waasserstoff gewonnen. Dat geschitt duerch eng ëmgedréinten Elektrolys. Waasserstoff a Loftsauerstoff reagéieren zu Waasser, woubäi Hëtzt an elektresch Energie fräigesat gëtt an déi dreift de Moto un.

Kléngt scho mol gutt. De Problem ass, dass déi Technologie bis elo nach net wierklech gefuerdert gëtt. Aktuell hu mer an Europa nëmmen 142 Waasserstofftankstellen a weider 45 si geplangt. An dat obwuel d'Reechwäit mat esou engem Gefier e gutt Stéck méi grouss ass, een de Waasserstoff genau esou séier tankt wéi Bensin oder Diesel a beim Fueren nëmme Waasser entsteet a keen CO2.

Kléngt alles wéi eng ideal Léisung an der Mobilitéits-Problematik. Ee Problem gëtt et dann awer. Et muss een nämlech berécksiichtege wéi eng Emissioune bei der Produktioun vum Waasserstoff entstinn. Do ergi sech nämlech enorm Ënnerscheeder: Gëtt Waasserstoff mat Äerdgas hiergestallt, ass d'Bilanz miserabel, kënnt de Stroum dofir aus erneierbaren Energien, gesäit et vill besser aus.

RTL

De Waasserstoffauto ass also nëmmen zu 100% emissiounsfräi wa fir d'Produktioun vum Waasserstoff, d'Energie aus regenerativen Energiequelle kënnt wéi zum Beispill Photovoltaik, Wand- a Waasserkraaft, Solarthermie, Geothermie a Biomass.