Wann ee ''Virtual Reality'' an ''Augmented Reality'' vermëscht, ergëtt sech ''Mixed Reality''. Domat wëll Microsoft d'Mënschen iwwert Hologramme verbannen

Lauschtert eran

Stellt iech mol fir dir kéint iech mat Leit treffen, déi op der anerer Säit vum Globus sëtzen an zwar net esou, dass der iech just ënnerhale kënnt, mee zesummen interagéiert an der iech géigesäiteg an enger 3D oder hologram-versioun gesitt! Dat ass kléngt wéi ee futuristesche Film, ma ass hei awer elo Realitéit.

Microsoft huet eng Mixed-Reality-Plattform presentéiert, déi d'virtuell Presenz iwwert verschidde Geräter erméiglecht.

''Mesh'' heescht d'Plattform an ass fir den AR (Augmented Reality)-Brëll, Hololens 2 a VR (Virtual Reality)-Brëller entwéckelt ginn, funktionéiert awer och mam Smartphone, Tablett a Computer. D'User kënne sech hei als Avatar a virtuelle Raim treffen, dat wéinst der Aarbecht oder einfach fir sech e bësse mat Frënn ze ënnerhalen. An Zukunft wäert et esouguer méiglech sinn, sech als Holoportatioun uweisen ze loossen. Dat heescht, dass är Persoun als Hologramm fir aner Notzer siichtbar ass an dir esou kënnt agéiere wéi wann der hinne wierklech géingt géigeniwwer stoen.

Déi Technologie kann deemno och a villen Aarbechtsberäicher genotzt ginn. Esou kënnen zum Beispill Medezinsstudenten, déi op verschiddene Kontinenter liewen, sech virtuell an engem Raum ophalen, an deem se sech géigesäiteg gesinn an zesummen un engem virtuellen anatomesche Modell vun engem Mënsch schaffen.

Och Microsoft Teams soll do kompatibel ginn. Zesumme léieren, u Modeller schaffen, Baupläng duerchgoen, sech mat der Famill an engem Raum treffen an dat ganzt ouni wierklech beieneen ze sinn, dat ass hei gläich méiglech.