Verschidden Insider deele mat, dass d'Apple Keynote dënschdes den 23. Mäerz wäert sinn. Ronderëm d'Produite ginn et dann och schonn Informatiounen.

Lauschtert eran

D'Apple Keynote ass een Event op dat sech ëmmer ganz vill Fans freeën. En Event op deem de CEO vun Apple Tim Cook,  mat senge Leit nei Produite virstellt. Wann ee verschiddenen Insiderinformatiounen aus dem Netz gleeft, dann ass déi nächst Keynote den 23. Mäerz. Déi wäert dann och zimmlech sécher wéinst der Pandemie, esou wéi d'Eventer virdrun, a Form vun engem Video ausgestraalt ginn. D'Fro ass elo natierlech, mat wéi enge Produiten ee rechne kann.

Genaues ass elo nach net gewosst. Verschiddenen Informatiounen no soll zum Beispill en neien iPhone virgestallt ginn an zwar den iPhone SE3 mat engem méi groussen Display. Et sinn aktuell nëmme Spekulatioune vun engem Insider deen an der Lescht mat senge Prognosen allerdéngs dacks richteg louch.

Vill méi warscheinlech ass hei en neie Modell vun den AirPods. Déi drëtt Generatioun dovun, sollen anscheinend den aktuellen AirPods Pro änelen.

Och warscheinlech ass een Update vum IPad Pro mat engem mini-LED Display an eventuell engem 5G Chip. Déi meescht Rumeure baséiere sech hei op een 12.9 Zoll Display, ma et kéint allerdéngs och een 11 Zoll Modell kommen.

Donieft loossen och nach d'Apple AirTags op sech waarden. Dëst si kleng Geräter a Form a Gréisst vun enger 2 Euro-Mënz, déi een iwwert Bluetooth mat sengem iPhone verbanne kann an esou verluere Géigestänn erëmfanne kann. Et hänkt een dësen zum Beispill un den Autosschlëssel an esou kann een dëse mam Smartphone tracken.

Dat si wéi gesot am Moment just Rumeuren. Mir halen iech natierlech um lafenden an informéieren iech weider esoubal eppes Konkretes eraus ass.