Den Architekt Hayri Atak huet ee Konzept fir ee ganz speziellt Gebai presentéiert. De "Squall Tower" soll sech zu Dubai dréinen a Stroum hierstellen.

Lauschtert eran

D' Joer 2021 ass eventuell net genau esou futuristesch wéi ee sech dat an de 60er Jore virgestallt huet, ma lues a lues beweege mer eis do awer an eng Richtung, déi deem futuristesche Gedanke vu virun e puer Joer gerecht gëtt. Virun allem wann ee kuckt wat op der ganzer Welt vu Fortschrëtter gemaach ginn.

Fir Staune suergt aktuell e Projet aus Dubai. Et ass esou, dass et mëttlerweil net méi duergeet einfach just ee Gebai ze baue wat gutt ausgesäit, mee et soll och nach héich Effizient sinn. Genau deen Usaz huet sech den türkeschen Archtekt Hayri Atak zu Häerz geholl en een Héichhaus entworf, dat duerch déi eege Rotatioun Stroum hierstellt. Et kléngt wéi eng Iddi aus engem Science-Fiction-Film, kéint awer an Zukunft zu Dubai Realitéit ginn.

D'Gebai mam Numm "Squall Tower", besteet aus dräi Haapttierm, déi quasi als Seegel déngen, matenee verbonne sinn an op enger Plattform stinn. . Se sinn esou designed, dass se mat nëmme geréngem Loftwidderstand rotéieren a Stroum produzéieren. A knapp 48 Stonne soll sech d'Héichhaus ëm 360Grad dréinen. Nieft dem ekologeschen Effekt huet dat nach ee weider Virdeel. Hoteller a Restauranten am Gebai kënnen de Leit ee komplette Panorama bidden an ass eng weider Touristenattraktioun.

Wéini a wéi héich déi ganz Konstruktioun soll ginn ass awer bis ewell nach net gewosst. Falls sech Dubai decidéiert dee Projet ëmzesetzen, gëtt et sécher ee Magnéit fir d'Touristen.