Dësen Apparat erméiglecht et zum Beispill Surfer, Skifuerer an ënnert aneren och Velosfuerer, mateneen ze kommunizéieren.

Lauschtert eran

Wie sech mat Leit wëll ënnerhalen déi wäit vun engem wech sinn, dee benotzt héchstwarscheinlech Whatsapp oder soss eng Kommunikatiouns-App. Ass natierlech eng Méiglechkeet, ma eng déi viraussetzt ee Smartphone, Reseau an eng fräi Hand ze hunn. Eng weider Method op déi zum Beispill bei der Police zeréck gegraff gëtt ass de Walkie-Talkie. Ma och hei gëllt d'Viraussetzung eng fräi Hand ze hu fir op de Knäppchen ze drécken a sech mat anere Polizisten ze ënnerhalen.

Elo huet sech dann eng Firma op d'Bee gesat an ee Produit entwéckelt deen op Basis vun engem Walkie-Talkie funktionéiert, ma awer mat deem groussen Ënnerscheed, dass ee keng fräi Hand muss hunn an esouguer Sportler dovunner kënne profitéieren. ''Milo'' nennt sech den Apparat an ass net méi grouss wéi eng Handfläch. Dëse kann ee seng Kleedung hänken a mat de Kolleegen am Ëmkrees kommunizéieren.

Natierlech ass ''Milo'' och waasserdicht, wat virun allem fir Surfer ganz interessant ass. Donieft ass et ee Produit deen och bei de Wantersportler grousse Succès feiere kéint. Esou kann een nämlech mat de Kolleege kommunizéieren déi ënnen am Dall sinn an dat obwuel ee selwer schonn um Bierg ass an dat wéi gesot ouni mussen ee Knapp ze drécken.

''Milo'' ass deemno eng Art Walkie-Talkie deen een un d'Kleeder hänke kann an esou wärend der sportlecher Aktivitéit mat senge Leit am Ëmkrees ka kommunizéiere wann et néideg ass.