Niewent Podcast a Musek soll een Zukunft och kënne Live-Emissiounen iwwert Spotify kënne lauschteren.

Lauschtert eran

Plattforme fir Musek ze Streame ginn et der jo mëttlerweil méi wéi genuch. Nieft der Musek kritt een dacks bei esou Ubidder och d'Méiglechkeet Podcasten ze lauschteren. Eigentlech huet een domat ee richteg grousse Choix. Ma wéi et ausgesäit geet dat Spotify awer nach net duer.

Niewent de Podcasten, déi jo net Live sinn, wëll Spotify do elo awer och ee Live-Charakter era bréngen. Dofir hu si wëlles d'App ''Locker Room'' opzekafen. Dobäi handelt et sech ëm eng Applikatioun iwwert déi ee genau wéi bei Clubhouse, Live-Gespréicher féiere kann. De groussen ënnerscheed ass hei, dass et dann dofir keng Separat App méi gëtt, mee déi Funktioun a Spotify agebaut gëtt an domat och direkt op der Plattform accessibel ass. Dëse Changement baut op der Aarbecht vun den Audio-Formater vun der Zukunft op an déi sollen d'Entrée an de Live-Audio-Beräich beschleunegen, esou Spotify.

Fir den Ufank bleift ''Locker Room'' awer mol nach eng separat App. Laangfristeg ass et awer denkbar d'Funktiounen a Spotify ze integréieren, esou de Gustav Söderström. Niewend Musek a Podcaste kéint de Streaming-Déngscht also an Zukunft ee weideren Atout kréien dee mer bis ewell just vum Radio kennen an zwar dee vun der LIVE-Emissioun.