LG huet am leschte Joer ronn 23 Millioune Smartphones verkaf. Am Verglach: bei Samsung waren et der 256 Milliounen.

Et ass eng éiweg Diskussioun: wéi ee Smartphone ass besser?! Déi eng schwieren op Samsung, aner op iPhone, nach anerer op Huawei. Des 3 Marken dominéiere ganz kloer de Smartphonemarché. Do bléift da wéineg Undeel fir déi aner Firmen.

Dat huet och LG gespuert.  No iwwer 20 Joer am Business zitt LG Electronics sech elo aus dem Smartphone-Secteur zréck, dat huet de Virstand vun der Firma matgedeelt.

LG argumentéiert datt ee sech wëll op aner Secteure konzentréieren, wéi zum Beispill Elektroautoen, Smart Home a Robotik.

Mee wat heescht dat elo fir d’LG Smartphone User?

An enger éischter Phase ginn d’LG Produiten nach weiderhin ugebueden.  Och bleift de Service Client bestoen an d’Softwarë gi viru geupdate..... Dat awer just fir e bestëmmten Zäitraum.

D’Firma geet dovun aus dass si bis den 31ten Juli 2021 mat dësem Secteur ofgeschloss huet.

Och wann LG Electronics net méi um Smartphone Secteur wäert present sinn, esou wëlle si awer weider un der Entwécklung vu bestëmmten Technologien deelhuelen, wéi ënnert anerem dem 6G.

Lauschtert eran!