Egal ob een eng chirurgesch Mask, FFP2-Mask, oder eng méi individuell ausgefale Stoffemask. Opfale mécht een domat néierens méi. Bis elo....

D‘Firme sin nämlech dobäi Hightech Masken ze entwéckelen. Esou huet Razer schonn, hirem Slogan no, „The World’s Smartest Mask“ erausbruecht.

Mee d’Firma Honeywell leet no mat der „Xupermask“. An dofir hu si sech och “Xuper”-Ënnerstëtzung geholl. De Rapper Will.i.am vun de Black Eyed Peas  war nämlech bei der Produktioun mat involvéiert. Hien war fir den techneschen Deel zoustänneg an de Jose Fernandez fir d’Optik. De Jose huet nämlech och scho Weltall-Kostümer fir Space X designt.

D’Mask kann natierlech méi wéi just Schutz virum Coronavirus ze bidden. Nieft engem austauschbare Filter huet se och eng LED Beliichtung, integréiert Kopfhörer mat Noisecancelling a speziell Lëfter, fir datt een déi ganzen Zäit mat frëscher Loft versuergt gëtt.

D’Mask funktionéiert mat Akku, packt et ronn 7 Stonnen a kann sech via Bluetooth 5.0 mam Smartphone verbannen.

D’“Xupermask“ ass mat 253€ net geschenkt, gëtt et awer an zwou Gréissten. Also fir all déi déi wëlle ronderëm lafe wéi wa se grad aus engem Science-Fiction-Film geflücht wieren...Go For It!

Lauschtert eran!