Endlech war et esou wéit. Den Tim Cook vun Apple huet déi nei Keynote presentéiert. An et war der Wäert!

Lauschter hei!

Ugefaangen huet d’Apple Keynote mat dem iPhone 12 an dem iPhone 12 Mini, déi ginn et elo nämlech och am mofen.

Weider geet et mam neien iMac. Komplett iwwerschafft,  méi flaach, méi séier a méi faarweg – just 11,5 Milimeter déck mat engem M1-Chip an a verschiddene Fréijoers-Faarwen. De M1 Chip ass d’Häerz vum iMac an ass CPU, Grafiks-Kaart an Aarbechtsspäicher an engem. Ausserdeem huet en eng Full-HD-Webcam an Touch-ID-Steierung.

Den iMac ass awer net dat eenzegt Gerät mat engem M1-Chip. Esou och den neien iPad Pro. Mam neie Chip ass deen nämlech duebel esou séier wéi de Virgänger-Model an huet eng verbessert Grafik-Leeschtung.

Och den Apple Tv krut en Hardware Update. Mat dem A12 Bionic-Chip huet en nämlech vun elo méi Leeschtung an eng besser Bild-Qualitéit. D’Fernsteierung gouf och iwwerschafft – wat vill Leit freeë wäert, well d’Scrollen ass elo definitiv méi confortabel.

Dee coolste Gadget ass awer warscheinlech den Apple AirTag. En Tracker mat deem een ni méi seng Saache vertässelt. D’AirTags kann ee ganz einfach mat der “Find My” App verknëppen an duerno an de Portmonni oder bei den Handy leeën. D’App lokaliséiert esou all AirTag a vereinfacht esou d‘Sich.

Wien elo interesséiert ass seng Apple Sammlung ze vergréisseren, dee muss nach bis Enn des Mounts waarden. Well den iPad Pro, den iMac an d’AirTags kann een eréischt vun dem 30. Abrëll un virbestellen.