Mat Hëllef vun engem Brëll déi kleng Wiese viru sech gesinn a mat hinnen interagéieren. Dat kéint an Zukunft mat engem speziellen AR-Brëll méiglech sinn.

Lauschtert eran

NIANTIC Inc. stiechen hannert Pokémon Go an hu sech fläisseg dohannert gesat fir d’Spill och an déi virtuell Realitéit ze bréngen. Op Twitter huet de CEO John Hanke en Tweet verëffentlecht an deem en een AR-Brëll vun NIANTIC presentéiert. Hei ass et deemno net ''Virtual Reality''mee ''Artificial Reality'', also kënschtlech Realitéit. Eng Realitéit déi iwwert dee spezielle Brëll mat eiser Ëmwelt verschmëlzt.

Fir alleguerten d’Fans vu Pokémon Go kéint dat also bedeiten, dass een an Zukunft duerch de Bësch, d’Stad oder de Park trëppelt an een d’Pokémon live viru sech a senger Ëmgéigend gesäit. Lautsprecher sinn am Brëll mat integréier esou, dass een de Sound deemno och ganz natierlech héiert, ouni sech musse Kopfhörer unzedoen.

Wéi dat ganzt zum Schluss wierklech ausgesäit, wéi vill dat wäert kaschten oder wéini dee Brëll iwwerhaapt op de Marché kënnt ass nach net gewosst. Dat eenzegt wat een elo scho weess ass, dass AR scho laang keng Zukunftsmusek méi ass. Deemno ass och d’Iddi vum Format AR-Pokémon Go eppes wat deemnächst kéint op de Marché kommen.

Leider ass aktuell nach net méi vum Brëll ze gesinn.

RTL

© Niantic - AR Brëll / Screenshot Twitter @johnhanke