Wéi de Green-Goblin am éischte Spider-Man kann een an Zukunft mat esou engem änleche Gerät duerch d'Loft fléien.

Lauschtert eran

Schonn am Film Back To The Future 2 flitt de Marty McFly mat sengem schwiewende Skateboard duerch d'Géigend. Säit deem sinn eng jett Usätz presentéiert ginn, fir esou ee Skateboard ze realiséieren. Ma elo am Joer 2021 kann dee Gedanken eventuell Realitéit ginn.

Aktuell kurséiert nämlech am Internet ee Video vun engem Mann, deen op engem ''Hoverboard'' ronn ee Meter iwwert der Strooss laanscht de Verkéier flitt. Dat bescht un der Saach ass, dass et sech heibäi net ëm ee Fake handelt. D'Firma Omni Hoverboards ass fir deen Testfluch an déi Videoe verantwortlech.

D'Gerät gëtt vun 8 Rotoren ugedriwwen. Hëlt een et genau, handelt et sech hei ëm eng Drone op der ee fléie kann. Bis ewell ass et awer nach onkloer wéi een dësen Objet genau ka steieren. Wéi et ausgesäit gëtt et awer a Saachen Héicht keng Aschränkungen. Esou gesäit een nämlech op méi ale Videoen, wéi ee Pilot esouguer iwwert d'Beem flitt an den Hoverboard nees sécher lant.

Dat interessant un der ganzer Geschicht ass, dass den Hoverboard um Video, an Zukunft och tatsächlech wäert verkaf ginn. Interesséierter kënne sech elo scho bei engem speziellen Newsletter registréieren, fir iwwert de Verkafsstart informéiert ze ginn.

De Präis ass allerdéngs nach net offiziell kommunizéiert ginn. Et geet awer dovunner riets, dass een esou ee Board tëscht 10'000 an 20'000 US-Dollar leie wäert.