Eng Firma aus Holland huet een Haus gebaut, bei deem d'Wänn mat Hëllef vun engem 3D-Drucker eropgezu goufen.

Lauschtert eran

Nodeems d'Haus gebaut gouf a vun den zoustännegen Agencen ugeholl ginn ass, sollen elo praktesch Erfarunge gesammelt ginn, wéi et sech an esou engem haus lieft.

Eng pensionéiert Koppel krut deemno elo, fir ganzer sechs Méint, de Schlëssel vun deem Haus a kënne fir 800 Euro de Mount do liewen. D'Erfarungen déi béid Persounen do sammelen, sollen da genotzt gi fir de Projet ze optiméieren.

Dat eenzegt wat aus klasseschem Beton besteet ass d'Fëllement. Fir d'Aarbechte vun de Maueren, ass eng Druck-Virriichtung op een Aarm vun engem spezielle Krank montéiert ginn. Op déi Weis konnt da mat engem dofir entwéckele flëssege Beton gedréckt ginn. D'Technik ënnerscheet sech hei net wierklech vun engem normalen 3D-Drucker. Och déi geriffelt Struktur fënnt een an de Mauere vum Haus erëm. An dësem Fall ass mat der Method een Haus mat 94 Quadratmeter entstanen: Zwou Schlofkummeren, eng Stuff mat Kichenan natierlech engem Buedzëmmer.

Dat eenzegt wat aus normalem Holz besteet ass den Dag selwer. Wärend de Virgang ze drécken hei nëmme 5 Deeg gedauert huet, huet een awer ganzer 6 Méint gebraucht bis et ganz fäerdeg war, dat virun allem wéinst deem genannten Dag aus Holz.

Et ass zwar dat éischt bewunnbaart 3D-Drucker-Haus aus Europa, ma an den USA oder a China, sinn esou änlech Projete scho realiséiert ginn.