Fir eegene Stroum ze produzéiere brauch een eng Solarzell um Dag vum Haus. Ma an Zukunft kéint een och ee privat ''Wandrad'' installéiere loossen.

Lauschtert eran

Aktuell gesäit een ëmmer méi Solar-Installatiounen op den Diecher vun den Haiser. Virun enger Rei Jore war deen Ubléck nach méi aussergewéinlech, ma am Joer 2021 ass dat net méi de Fall. Ëmmer méi Leit sprangen op den Zuch vun der Nohaltegkeet op esou, dass an deem Beräich grouss Fortschrëtter gemaach ginn.

Bis ewell huet ee Wandrad um Dag vum Haus kee Sënn gemaach. Dat awer virun allem well déi produzéiert Energie proportional zu der Fläch vun de Blieder ass. Kleng bedeit an dësem Fall, dass net genuch Energie produzéiert gëtt, fir esou eng Installatioun ze rechtfäerdegen.

Kleng Wandrieder sinn also net nëmmen ineffektiv mee och nach haart a kaschte vill Ënnerhalt. Eng US-Amerikanesch Firma huet deemno elo d'AeroMINE-System an d'Liewe geruff. Hei gëtt den Opdriff-Prinzip vun engem Fliger genotzt. Béid Flilleke sti senkrecht niewenteneen a loossen de Wand u sech laanscht zéien. Déi dobäi erzeugte Stréimunge verstäerke sech géigesäiteg, et entsteet een Ënnerdrock an nach méi Loft stréimt an den Huelkierper vun der Konstruktioun. Am banneschten deel vun de senkrechte Flilleke sinn deemno Turbinnen, déi esou ugedriwwe ginn. Duerch de Wand, dee verstäerkt gëtt, fänken déi u mat dréinen a produzéiere Stroum. Donieft geet vun der ganzer Apparatur kee Kaméidi aus.

D'Virstellung an Zukunft net just Sonnenenergie mee och Wandenergie doheem kënnen ze notzen ass deemno ganz interessant an eventuell gläich fir jiddereen accessibel.