D'Sich no alternativen Energië geet ëmmer weider. De Startup ''NDB'' aus San Francisco schéngt do eng Léisung ze hunn.

Lauschtert eran

Et héiert sech u wéi eng Iddii aus engem Science-Fiction-Film, ma ass hei awer elo scho Realitéit. ''NDB'' ass eng Firma aus San Francisco a plangen een Diamant-Akku dee bis zu 28'000 Joer Stroum soll liwweren. Bei deene meeschten Akkuen triede schonn no e puer Joer Problemer op a mussen ausgetosch ginn. Mam Diamanten-Akku vum kalifornesche Start-up kéint dee Problem der Vergaangenheet ugehéieren.

Wéi funktionéiert dat ganzt elo mat Atom-Offall? Einfach erkläert reagéieren d'Komponente folgendermoosse mateneen: Nukleare Radiokarbon gëtt Hëtzt of, déi iwwert Diamanten esou séier ofgeleet gëtt, dass d'Radioisotopen se net vun eleng absorbéiere kënnen. Wéinst der Hallefleedereegeschaft vun den Nanodiamante gëtt esou Spannung erzeugt an erméiglecht eis, ee Laangliewegen Akku mat Energie ze versuergen.

Schonn 2016 ass esou eng änlech Technik op der University of Bristol presentéiert ginn. Ganz nei ass dat Thema elo also net. Ma ''NDB'' plangt de release scho fir 2023. Een Datum deen zimmlech optimistesch gewielt ass, wann ee bedenkt, dass se bis ewell nach kee Prototyp hunn deen ee Virstelle kann. Wéi d'Firma selwer matdeelt, si se zimmlech wäit an der Entwécklung an d'Tester wiere scho gegléckt.

Wichteg ass hei och nach de Fait, dass déi 28'000 Joer just gëlle fir Apparature wéi zum Beispill eng Auer, déi souwisou wéineg Stroum brauch. Esoubal een awer elo an Zukunft d'Problemer vun der Radioaktivitéit a Käschte geléist huet, kéinten esou Akkue fir E-Autoen, Räumsonden, medezinesch Geräter an och Smartphone gebraucht ginn.