De Bill Gates wëll eist Sonneliicht reduzéieren, fir den Effekt vum Klimawandel ze bremsen. Ma wéi soll dat funktionéieren?

Lauschtert eran

Als Geoengineering versteet een all Agrëff vum Mënsch an de Klimasystem an dat als Zil, d'Klimaerwärmung ze reduzéieren oder esouguer ze stoppen. Allerdéngs gëtt hei net der Ursaach entgéint gewierkt, mee den Auswierkungen. Enger Etüd no vum Harvard University Solar Geoengeneering Research Programm, déi grad an der Maach ass, wëll de Bill Gates d'Sonneliicht reduzéieren. Dat ass awer eng vun deenen extreemste Varianten.

Mëttlerweil ginn et schonn e puer Methoden, mat deenen ee verhënnere kann, dass d'Sonneliicht d'Äerduewerfläch erreecht. Eng vun deene meescht genotzte Methoden ass hei d'Reflektioun vu Sonnestrale mat Hëllef vun Aerosol Partikelen an der Atmosphär. Ee Beispill heifir ass de Vulkan, deen 2010 an Island ausgebrach ass a mat sengen Aerosolen dee ganzen Himmel bedeckt huet.

D'Joren tëscht 2015 bis 2019 ware bis ewell déi 4 hëtzegst Joren, déi jee opgezeechent goufen, esou de Fuerscher Chris Field. Ob d'Method vum Blocke vun der Sonn d'Léisung fir de Klimaproblem ass, ass bis ewell nach net wierklech gewosst. Dat heescht, dass do nach vill muss gefuerscht ginn an dat nach iwwert e puer Joer. Ma eppes steet awer well fest an zwar, dass de Bill Gates do seng Fangeren am Spill huet.

Bis et esou wäit ass gëllt et sech nach e bëssen ze gedëllegen. Ma eleng de Fait, dass de Bill schonn eng Kéier d'Welt mat enger Iddi vu sech verännert huet, léisst ee positiv an Zukunft kucken.