Déi Kamera soll hëllefen, dass een um Trottoir trotz Handy net an ee Potto oder eppes anescht rennt.

Lauschtert eran

Am Joer 2021 ass et näischt Aussergewéinleches méi wann een d'Leit dobaussen um Trottoir mam Handy am Grapp gesäit. Dofir gëtt et esouguer ee speziellen Therm an zwar ee ''Smombie''. Dat ass also ee Mënsch deen esou op den Display fixéiert ass, dass e vu ronderëm näischt méi mat kritt.

Et läit also op der Hand, dass esou och Accidenter kënne passéieren. Fir deem entgéint ze wierken huet den 28 Joer jonke südkoreaneschen Designer Paeng Min-wook, sech eppes afale gelooss huet. ''Third Eye''-Kamera ass souzesoen een drëtt A dat ee sech mat enger Halterung op d'Stier hänke kann. Den Apparat erkennt wann een de Kapp neigt, schallt sech automatesch an an erkennt d'Ëmfeld. Kënnt een elo zum Beispill ëmmer méi no un een Obstakel erun piipst d' ''Third Eye''- Kamera a mécht een esou op een Hindernis opmierksam.

Wéi den Erfinder selwer seet ass d'Erfindung hei éischter als Warnung geduecht an net als reell Léisung fir Smartphone-Süchteg Persounen, déi och wann se zu fouss ënnerwee sinn, um Handy hänken.

''By presenting this satirical solution, I hope people would recognize the severity of their gadget addiction and look back at themselves.'', esou den Designer. Et ass ee Produit deen also éischter als Sensibiliséierung ze gesinn ass an trotzdeem kann een dovunner ausgoen, dass déi Kamera säi Wee op de Marché fënnt.