Fir Leit bei deenen d'Ressource knapp sinn, hunn Entwéckler elo eng Luucht op de Marché bruecht, déi hinnen d'Liewe méi einfach mécht.

Lauschtert eran

Op ville Plazen op der Welt ass fléissend Waasser a Stroum näischt Normales mee ee Luxus. Och wa mir eis dat hei net kënne virstellen, ginn et Plazen op der Welt wou een Dag fir Dag muss hoffe genuch Waasser fir seng Famill ze hunn.

Genau dee Gedanken hat den Henry Glogau och an huet sech iwwerluecht wéi een deene Mënschen esou hëllefe kann, dass se sech selwer ze hëllefe wëssen. Verschidden aarm Géigenden un de Küsten hu virun allem zwou Saachen am Iwwerfloss an zwar Sonn a Mierwaasser. Den Herr Glogau huet genau déi Ressourcen déi se am Iwwerfloss hu geholl an dorausser eng ''Wunderlampe'' entwéckelt. Eng Luucht déi Stroum produzéiert a gläichzäiteg d' Mierwaasser entsalzt. D'Iddi ass hei d'Erfindung an den Dag vun enger Hütt, wéi ee se zum Beispill an de Slums fënnt, anzebauen an esou Stroum an Drénkwaasser hierzestellen.

Mat senger Luucht, huet den Henry Glogau och d'Final vun de Luxus Design Awards 2021 erreecht. Ma dat geet dem Mann awer nach net duer. D'Bewunner vun zum Beispill Slums, sollen an Zukunft mat der Erfindung beliwwert ginn. Éischt Luuchten hänke well och schonn a verschiddenen Hütten an der Stad Antofagasta a Chile.

Dat bescht un der ganzer Saach ass, dass de Produit bëlleg an der Produktioun ass an dofir hoffentlech och gläich a grousse Masse kann ausgeliwwert ginn.