Op Kickstarter ass ee Stëft presentéiert ginn, deen een als Porte-clé notze kann an ni muss nogefëllt ginn.

Heiansdo huet ee Situatiounen an deenen een ee Bic brauch oder einfach eppes wat schreift. Vue dass, an eiser Zäit villes digital ofleeft huet een nëmmen a ganz seelene Fäll ee Bic bei sech. Eng Problematik der sech ee StartUp ugeholl an eppes entwéckelt huet fir dee Problem ze léisen.

Eraus komm ass ee klenge Stëft deen esou kleng ass, dass e keng Plaz an hëlt an zum Beispill un den Autos oder Hausschlëssel ka gehaange ginn. Gedeeft hu se dëse klenge Bic ForeverPen a funktionéiert op Basis vun enger 100 Joer aler Technik mam Numm Silverpoint. Eng Technik déi bekannt ginn ass well och de Leonardo DaVinci dovunner gebrauch gemaach huet.

Aktuell kascht dee klenge Stëft 29€. Kuckt een et objektiv ass et ee stolze Präis fir ee Bic. Do muss ee sech allerdéngs am Hannerkapp halen, dass dësen ee liewe laang schreift an een en iwweregens och ka benotze fir zum Beispill Päck oder Bréiwer opzemaachen.

Wa sech d'Iddi duerchsetzt da geet de Präis natierlech nach erof. Ma an enger Welt an der quasi alles digital ofleeft ass et eventuell villäicht net verkéiert wann een esou eppes wéi ee Bic bei sech huet, de keng Plaz ewech hëlt an éiweg schreift.