Fir d'Mobilitéit vun de Stroossen an d'Luucht ze verlageren, gëtt aktuell bei engem däitsche Startup u Fluchtaxie geschafft.

Lauschtert eran

Virun allem a grousse Stied sinn d'Stroosse scho laang iwwerlaascht. Verlagere kann een de Problem net wierklech, ausser an d'Loft. Dofir schafft den däitsche Startup Volocopter aktuell un elektresche Fluchtaxien. Mat der Iddi hu se mëttlerweil och e puer grouss Investoren u Land gezu wéi zum Beispill den däitschen Autoshiersteller Daimler, de chineeseschen Hiersteller Geely, d'Logisitk-Entreprise DB Schenken a BlackRock.

Zu Paräis am Paris Air Forum huet d'Firma säi Kënnen ënner Beweis gestallt, wou déi alleréischte Kéier esou een Taxi tatsächlech geflunn ass. De Volocopter X2 huet eng Streck vu ronn 500 Meter zeréck geluecht, bei enger Héicht vun ongeféier 30 Meter an enger Vitess vun 30 km/h.

Een neie Modell mam Numm Volocity gouf mëttlerweil schonn op enger Foire presentéiert, wou d'Leit sech och konnten ee genaut Bild dovunner maachen a sech esouguer an d'Gefier sëtze fir ee Gefill fir d'Raimlechkeeten ze kréien. Mat Passagéier ass dësen awer nach net geflunn.

An deenen nächste Méint wäert Volocopter mat de franséischen Autoritéite kooperéieren an zesumme mat der ''Direction générale de l'aviation civile (DGAC)'' een Testverfahren duerchféieren. Dono kéint dann eng éischt Zouloossung ausgestallt ginn.

Scho fir d'Joer 2024 wëll d'Firma wärend den Olympesche Spiller zu Paräis d'Fluchtaxien duerch d'Luucht fléie loossen an dat fir d'Spektateure vun A op B ze transportéieren. Ob Volocopter deen Zäitplang kann anhalen wéist d'Zukunft.