Wann een eppes iwwer Internet bestellt, da muss natierlech och eng Persoun de Pak ausliwweren. Ma Amazon probéiert do ee Changement.

Lauschtert eran

Wärend den Amazon-Cheff Jeff Bezos amgaangen ass säi Schratt an de Weltall ze preparéieren, schafft seng Firma dorunner fir Liwweranten ze ersetzen. A Finnland baut Amazon nämlech grad een Entwécklungszentrum fir ee Scout-Liwwerroboter. Zil ass hei fir de klassesche Liwwerant ze ersetzen an dat duerch eng kleng Maschinn, déi all Bestellung vum Lager aus komplett Autonom ausliwwere soll.

Op véier verschiddene Plazen an den USA sinn déi kleng Roboter och schonn am Asaz. Entwéckelt gëtt déi Technik zu Helsinki, Seattle, Cambridge an Tübingen. Virun allem dee leschte Schratt, nämlech dee vun der Iwwergab un de Client, gëlt an der Logistikbranche als käschtenintensiv an dofir wär et besonnesch interessant fir d'Robotertechnologie.

Vill Investore sinn awer virun allem duerch d'Corona-Pandemie an d'Ausgangsspären op den Online-handel opmierksam ginn. Dofir ginn et niewen Amazon nach weider Entreprisen déi sech mat der automatiséierter Zoustellung befaassen.

D'Gefier vun Amazon erënnert staark un déi vu Starship. Eng Firma déi 2014 gegrënnt gouf an am Abrëll 2021 bekannt ginn huet, well 1,5 Milliounen autonom Liwwerungen duerchgefouert ze hunn. Un deen Erfolleg probéiert Amazon elo unzeknäppen.