Bis ewell hunn d'Rettungsdéngschter op hiert Gehéier misste lauschtere fir eng Persoun an Nout ze fannen. Eng Dron erkennt elo d'Stëmm vun deene Mënschen.

Lauschtert eran

Bis elo war et esou, dass wann eng Persoun vermësst gouf, well se sech zum Beispill beim Wandere verlaf huet, dann hunn d'Rettungsleit ee ganzen Terrain missten ofsichen a gutt nolauschteren ob se déi vermësste Persoun net ëm Hëllef jäizen héieren.

Fuerscher vum Frauenhofer-Institut hunn elo eng Drone entwéckelt, déi esou Hëllef-Riff vu Mënschen erkennt a se lokaliséiert. D'Leit déi op der Plaz am Asaz si, kréien dann esou vun der Dron déi genau Plaz geschéckt wou déi Persoun sech kéint ophalen.

Déi nei Technologie huet iwwer 32 digital Mikroe verbaut. Domat sicht d'Maschinn wärend dem Fléien no deene Geräischer a berechent wou se hier kommen. An Noutsituatioune gëtt eng Persoun nämlech sougenannten ''impulsiv Geräischer'' vu sech. Fir am Fall vun enger Katastroph tëscht der Natur-, Déier-, oder mënschleche Geräischer ze ënnerscheeden, ass d'Dron mat enger Audio-Datebank vun de Fuerscher op d'Erkenne vun ''impulsive Geräischer'' trainéiert ginn.

Drone si bei Rettungsasätz mëttlerweil scho säit enger Zäit am Asaz, allerdéngs huet se misste vun engem Mënsch gesteiert ginn. Mat dëser Erfindung, mécht d'Dron dat vu ganz eleng a wäert zum Beispill no Naturkatastrophe wéi Äerdbiewen a Bëschbränn an den Asaz kommen.