Fir E-Readern gëtt et dat mëttlerweil schonn, ma awer just am schwaarzwäiss-Display. Do kéint an Zukunft eng faarweg Variant eraus kommen.

Lauschtert eran

Jiddereen dee schonn eng Kéier probéiert huet an der greller Sonn eppes op sengem Tablett oder Smartphone ze liesen dee weess, dass dat net ganz evident ass. Duerch d'Reflektéiere vun der Sonn erkennt een deemno net wierklech vill. Eng Alternativ gëtt et do mëttlerweil schonn an zwar en E-Reader. Einfach ausgedréckt ass et een Apparat deen engem dat geschriwwent a Form vun elektronescher Tënt uweist. Mat der Technik gëtt d'Luucht, déi vun der Sonn aus kënnt, ganz geziilt reflektéiert, wat bis ewell just am schwaarzwäiss méiglech ass. Een LED-Display dogéint, probéiert mat hëllef vun LEDs als Hannergrondbeliichtung, den Inhalt duerzestellen.

Virun net all ze laanger Zäit hu Fuerscher vun der technescher Héichschoul Chalmers zu Göteborg een neie reflektéierenden Display entwéckelt, deen 10 mol manner Stroum verbraucht wéi een LED an dobäi konnt en och Faarwen uweisen. Dofir si vill Schichte Gold, Tungsten a Platin kombinéiert gi fir eben esou een extrem dënnen a flexibelen Display hierzestellen.

D'Wëssenschaftler ware mat der Qualitéit vun der Faarf allerdéngs net zefridden an hunn dofir an der Fachzäitschrëft NanoLetters eng Etüd verëffentlecht, déi weist wéi se mat engem einfachen Trick d'Qualitéit konnten eropschrauwen.

Elektronesche Pabeier huet also net nëmme just de Virdeel, dass se manner Energie verbraucht, mee ass och nach manner schiedlech fir eis Aen a kann esouguer flexibel agesat ginn. Obwuel d'Materialie fir déi Technik eigentlech méi deier si wéi bei engem LED-Display, gëtt fir deen elektronesche Pabeier extrem wéineg dovunner gebraucht.

Deen neien Display kéint also eng nohalteg Alternativ zu der aktueller Technologie sinn.