An Zukunft wäert ee méi Fräiheete beim Verschécke vu Message kréien, virun allem wat Fotoen a Videoen ugeet.

Lauschtert eran

Facebook ass eng riseg Firma, zu der aktuell vill méi gehéiert wéi einfach nëmmen d'Plattform Facebook. Dozou ziele zum Beispill nach Instagram, Oculus VR an och Whatsapp. Lescht Joer am Februar sinn déi aktiv Notzer vu Whatsapp op ronn 2 Milliarde gezielt ginn.

Säit dem Ufank vu Whatsapp huet sech schonn esou munches gedoen a verbessert. Ma enger Saach ass d'Plattform awer iergendwéi net richteg meeschter ginn an zwar de Fotoen a Videoen. Oder anescht ausgedréckt: Fotoen a Videoe gi just an enger kompriméierter Versioun verschéckt, d.h d'Qualitéit ass deementspriechend schlecht. Bis ewell hat ee keen Afloss dorobber, ma dat soll sech awer an Zukunft änneren.

Heiansdo wëll ee senge Frënn zum Beispill Fotoe vun der Vakanz schécken an dat an enger gudder Opléisung. Iwwert Whatsapp ass dat aktuell nach net méiglech esou, dass een op aner Weeër huet missten zeréck gräifen. Ma an Zukunft huet een de Choix wéi gutt d'Opléisung wierklech soll sinn. Fir genau ze si kann een tëscht 3 verschiddenen Optioune wielen: Automatesch, bescht Qualitéit an Datespueren.

WABetaInfo no befënnt sech dësen Update awer nach an der Entwécklung. Se ass zwar an enger fréierer Android-Versioun vum Messenger schonn opgetaucht, kann awer selwer an der Beta-Versioun nach net getest ginn. An der fäerdeger Versioun wäerten déi nei Optiounen esouwuel fir Android wéi och fir iOS verfügbar sinn. Wéini dat de Fall ass, ass awer nach net gewosst.