Endlech ass eng Powerbank vun Apple eraus. Performant, mee net geschenkt! Esou wéi een et vun der Firma gewinnt ass.

Lauschtert eran

Am Juli vun dësem Joer huet Apple eng eege Powerbank virgestallt. Nodeems ëmmer nees vill Leit sech iwwert den Akku vum iPhone opgereegt hu well en ze séier eidel wär, ass elo d'Léisung eraus. Eng Powerbank déi een net mat Kabel un den iPhone hänkt mee einfach iwwert Wireless. Mam neien iPhone 12 brauch ee se esouguer just hannen un den Handy ze halen a scho bleift se vum selwen hänken an de Smartphone luet. Dat hafte bleiwe funktionéiert mam iPhone 12, iPhone 12 mini, iPhone 12 Pro, an iPhone 12 Pro Max. Luede kann een awer domat all iPhone dee Wireleass-Charging ënnerstëtzt.

Wéi een et vun Apple gewinnt ass, ass och dësen Design minimalistesch. Mat 115 gramm an enger déckt vun 11mm ass se nawell zimmlech kompakt. Performant ass se dobäi och nach an zwar mat enger Kapazitéit vun 1460 mAh. Interessant ass hei, dass een iPhone a Powerbank gläichzäiteg luede kann. De ''MagSafe Battery Pack'' huet nämlech ee lightenig Uschloss. Connectéiert een dësen elo mat der Steckdous a verbënnt den Handy mat der Powerbank, esou lueden elo béid Apparater gläichzäiteg.

Kléngt alles villverspriechend, ma ass awer net geschenkt. Virun allem dann net wann ee se mat anere Powerbanks vergläicht déi méi mAh opweises hunn. Déi extern Batterie vun Apple kascht deemno 105,39 Euro an ass och schonn disponibel.