Nodeems User sech iwwert déi nei Font beschwéiert hu ruddert d'Entreprise elo zréck

Wäissen Hannergrond, bloe Villchen a Mikroblogging a Form vun 140 Schrëftzeechen - Bei där Beschreiwung misst jidderee wëssen et handelt sech ëm dat soziaalt Netzwierk Twitter. Ma d'Entreprise wollt elo mat enger neier Schrëftaart an engem nei designten "Follow Button" de Look vun der Plattform iwwerschaffen.

Zanter dem Joer 2006 gëtt et de Kuerznoriichtendéngscht an dat ouni gréisser Verännerungen, op alle Fall där Verännerungen, déi User direkt erkennen. Ma genee dat wollt d'Entreprise dann elo ëmsetzen an huet den 11. August direkt e puer Design-Updates virgestallt. Esou zum Beispill d'Schrëftaart "Chirp" an en neie Knäppche fir ze followen / net méi ze followen.

Doropshin hu vill User sech bei Twitter iwwer Kappwéi beklot. Och den Donkelmodus un deem geschafft gouf, géit bei Leit dofir suergen, dass d'An belaascht an net entlaascht ginn, wéi dat beim Donkelmodus eigentlech de Fall sollt sinn. D'Konsequenz vun der ganzer Aktioun: D'Ännerunge sollen nees zréck geruff ginn an dat neit alt Design agefouert ginn.

Lauschtert hei de Reportage

De Plattform-Bedreiwer wéilt elo op de Feedback vun den Notzer lauschteren an d'Wënsch vun der Community integréieren. De Grond vum neie Look wär da fir de User eng méi zougänglech Plattform ze bidden, déi och Mënsche mat Beanträchtegunge besser notze kéinten an op där een insgesamt méi fokusséiert kéint interagéieren.

Dat klengt ganz duerno wéi wann do nach méi Ännerunge wéi just "Follow Button" an nei Schrëftaart op eis zougeflu kënnt.