No Autoen, Akkuen a Solardiecher wëll Tesla elo Mënschen-änlech Maschinne bauen.

Den Automobil-Hiersteller Tesla huet d'lescht Woch um KI-Event direkt e puer nei Konzepter an Iddie presentéiert. Dorënner och e Computerprozessor mam Numm D1. Dëse soll den Héichleeschtungscomputer Dojo bilden, deen d'Firma vum Elon Musk selwer entwéckelt huet. Eréischt 2 Stonnen nom Start vum Event gouf dat richtegt Highlight annoncéiert: En humanoide Roboter, deen Tesla ënnert dem Numm "Optimus" verwierkleche wëll. Warscheinlech inspiréiert vum "Optimus Prime" aus der Transformers Rei.

Dem Elon Musk no, wäre seng Autoe jo och quasi Roboter op Rieder, deemno wär den nächste Schrëtt, also Mënschen-änlech Maschinnen ze entwéckele, just eng logesch Konsequenz. Den Optimus soll dann 1,73 Meter grouss, an 58 Kilo schwéier, sinn. Bis zu 58 Kilogramm soll de Roboter da selwer hiewe kënnen, 20 Kilo kann en eegestänneg droen a seng maximal Lafgeschwindegkeet soll bei 8 Kilometer an der Stonn leien.

Dës Eegeschafte klengen elo net iwwer-mënschlech a genee dat ass dem Entrepreneur wichteg, dee betount, dass de Roboter zwar frëndlech soll sinn, ma ee vir den Noutfall trotzdeem virun em fortlafen, respektiv een en iwwerwältegen, kéint. "Et weess ee jo ni", esou den Elon Musk.

Wéi de Roboter kéint augesi gouf dunn och direkt visuell duergestallt, ma en tatsächleche Prototyp muss nach entwéckelt ginn a soll bis Enn dës Jores virleien. Wou bei engem Mënsch d'Gesiicht ass, soll hei en Ecran ubruecht ginn deen nëtzlech Informatiounen uweise soll. Seng Ëmgéigend an Daten soll de Roboter mat 8 Kameraen erfaassen, déi de Computersystem da verschafft.

D'Maschinn soll mëndlech Uweisungen ëmsetzen an Aufgaben erleedegen, déi fir Mënsche geféierlech oder einfach langweileg sinn. "Idealerweis kéinten d'Maschine vun Entreprisen agesat ginn [...] An Zukunft wärt physesch Aarbecht e Choix sinn", esou de Visionär.

An e Visionär ass den Elon Musk definitiv, fir Enn 2020 hat en eng Millioun Robotaxien annoncéiert, ma bis elo hut d'Entreprise nach kee komplett autonomen Auto op de Marché bruecht. Deemno gëlt et ofzewarden ob mer dësem humanoide Roboter d'nächst Joer tatsächlech schonn Aufgaben iwwerdroe kënnen oder se einfach nach selwer erledegen. Wéi vill den Optimus am Endeffekt géif kaschten, och dat gouf nach net matgedeelt.