Samschdeg den 28. August ass d'Experiment op d'ISS bruecht ginn. D'Ziichte vu mënschlechem Geweebe kéint Déiereversich reduzéieren.

Lauschtert eran

D'Universitéit Zürech an d'Firma Airbus wëllen op der internationaler Raumstatioun ( ISS ) d'Produktioun vu mënschlechem Geweebe verbesseren. Donneschdes de 26. August huet dat Airbus Defence and Space zu Friedrichshafen an d'Universitéit Zürech matgedeelt.

Mat der Zuucht vun organeschem Geweebe an der Schwéierlosegkeet, sougenannten Organoiden, wëlle Fuerscher d'Entwécklung vu Medikamenter verbesseren an d'Versich un Déiere reduzéieren. Och bei Organschied kéint dëst hëllefen. Op der Äerd wär dës Zuucht duerch d'Schwéierkraaft ouni Stützsskelett net méiglech, esou de Professer fir Anatomie Oliver Ullrich op der Uni Zürech.

Bei éischte virbereedenden Tester op der ISS huet sech deemno aus mënschleche Stammzelle bannent engem Mount organesch Liewer-, Knachen-, a Knorpelstrukture gebilt. Fir ee weidert Experiment ginn elo Geweebezelle vun zwou verschiddene Fraen a Männer vu verschiddenen Alteren op d'ISS geschéckt. Déi Prouwe sollen dann Ufank Oktober zeréck op d'Äerd kommen an déi éischt Resultater wäerten am November presentéiert ginn.

Aktuell läit de Fokus op produktiounstechnesche Froen an der Qualitéitskontroll, esou de Professer Ullrich. Donieft misst ee kucke wéi laang an a wéi enger Qualitéit déi am Weltall geziichten Organoiden no dem Retour op eise Planéit kënnen a Kulture gehale ginn.