Op der internationaler Autosausstellung zu München huet VW een elektreschen Auto fir Jonker virgestallt ginn.

Lauschtert eran

VW huet net nëmmen d'Elektromobilitéit fir sech entdeckt, mee se wëssen och wat déi Jonk an Zukunft wëllen a brauchen. Op der IAA zu München hu se nämlech elo een Auto presentéiert dee virun allem fir Jugendlecher gebaut gouf. De VW ID.Life ass ee vollelektreschen Auto deen nohalteg a stylesch ass.

Ugedriwwe gëtt d'Gefier vun engem 233 Päerd staarken Elektromoto deen am Buedem vum Auto tëscht deenen zwou Axen agebaut ass. Wéi eng Kapazitéit dëst wäert hunn ass awer nach net gewosst well d'Technik enorm séier evoluéiert an den Auto eréischt fir 2025 geplangt ass.

Ma vum Design a Style hier ass et ee Gefier dat definitiv futuristesch ass. Äusserlech besteet en nämlech aus recycelte Materialien a banne soll ee sech e bësse ville wéi an enger Stuff. De Plüsch fir de Buedem ass hei aus ale PET-Fläsche gemaach an den Tableau de Bord an d'Banneverkleedung vun den Diere sinn an dësem Fall aus Holz wat nawell zimmlech shcick ausgesäit.

De Fokus läit hei awer ganz kloer op der Connectivitéit, déi spéider déi Jonk unzéie soll. VW verzicht nämlech quasi op all Display a fuerderen de Chauffer op, säi Smartphone als Steiereenheet fir den Auto ze notzen. Dobäi ass d'Frontscheif als Projektiounsfläch fir Filmer a Serien déngt. Fir den Ofstand ze hale kann een hei d'Sëtzer no hanne maachen an esouguer den Dag op maache fir ënnert dem Stärenhimmel zum Beispill ee Film ze kucken.

Fir mol net 20'000 Euro ass dëst een Auto deen definitiv abordabel. Wat do nach alles op eis duer kënnt gi mer da fréistens 2025 gewuer.