Apple huet op hirer Keynote nei Produite virgestallt. Eppes komplett Neies ass allerdéngs elo net dobäi.

Lauschtert eran

Dënschdes de 14. September huet Apple op hirer Kaynote eng Rei nei Produite presentéiert. Nodeems se de 7. Juni iOS 15, iPadOs 15, macOS Monterey a watchOS 8 virgestallt hunn, gouf dann elo keng Software mee Hardware presentéiert.

Fir unzefänke gouf dann natierlech dat presentéiert op dat ganz vill Leit gewaart hunn an zwar deen neien iPhone 13. Optesch huet sech do elo net terribel vill geännert. Hannert dem Display ass elo een A15-Chip, ee verbessert Kamerasystem wat hei een Zwee-Kamera-System ass an ee Super Retina XDR Display. D’Batterie hält hei ëm 2,5 Stonne méi laang.

Den iPhone 13 PRO gëtt et hei mat bis zu 1TB Späicher an ass Waasserdicht bis zu 6 Meter an dat bei bis zu 30 Minutten. Huet een A15 Bionic Chip, een 12 MP Pro Kamera-System: Tele-Objektiv, Wäitwénkel an Ultrawäitwénkel. Beim Filme kann een ee Kinomodus aschalte fir Kinoräif ze filmen. Dee klengste Model kascht hei 1149 Euro.

Donieft ass dann awer och nach d’Apple Watch Series 7 presentéiert ginn. Den Design ass hei net iwwerschafft ginn. Optesch huet sech just um Display eppes geännert, well deen e klengt Stéck méi grouss ass. Den Displayrand ass hei nämlech nëmmen 1,7 Millimeter dënn. D’Geheis gëtt et hei an 41 oder 45 mm. Donierft gëtt et se a 5 neien Aluminium Faarwen: Gréng, Blo, Rout, Polarstär a Mëtternuecht. Se huet ee besonnescht staarkt Frontglas, ass viru Stëbs geschützt, Waasserdicht a luet bis zu 33% méi séier wéi de Virgänger. Lass geet et hei bei 429 Euro.

Dann ass nach een neien iPad Mini an der Optik vun engem iPad Pro fir ee Basispräis vu 549 Euro presentéiert ginn an ee Basis iPad fir een Ufankspräis vun 379. An déi nei Software iPadOS15 an iOS15 ass vum 15. September un disponibel.