No laangem waarden ass dann elo endlech deen neien Update vun Apple fir jiddereen accessibel. Mir verroden iech déi interessantst Ännerungen.

Lauschtert eran

Apple huet een neien Update fir iPhone an iPad released. Wann een elo do ganz genau an den Detail geet fënnt een natierlech villes wat changéiert huet, ma mir kucken eis awer elo déi Verännerungen un déi an eisen Aen déi gréisste sinn.

Ugefaange mat der Wieder-App. Déi ass hei kloer iwwerschafft ginn. Se ass vill méi iwwersiichtlech a gläichzäiteg och detailléiert wéi een dat bis ewell gewinnt war. Donieft ass dann och Safari iwwerschafft ginn an natierlech och Apple-Kaarten. Déi hunn elo nom Update och vill méi Informatioune wéi virdrunner.

Facetime krut hei och e puer nei Features. Elo kann een an engem Videocall zesumme Musek lauschteren a Filmer kucken. Paus, Play, méi haart a méi lues passéiert deemno am Call simultan. Donieft kann een elo aner Leit iwwert ee Link an eng Videokonferenz invitéieren. Déi Invitatioun kann all Mënsch unhuelen, onofhängeg dovunner wéi ee Betribssystem ee benotzt.

Net ze vergiessen ass ''Live-Text''. Mat der Funktioun kann een zum Beispill eng Foto vun enger Zeitung maachen an den Text ganz einfach kopéieren an an ee Message setzen oder esouguer an ee Word-Dokument.

Am grousse Ganze sinn dat elo déi gréisste Changementer. Wéi ee mierkt huet sech elo net terribel vill geännert. Wat allerdéngs net heescht, dass dat net an Zukunft eventuell nach kéint passéieren.