An Zukunft kéint Tesla, Laser-Wischere fir den Auto a Photovoltaik-Uewerflächen op de Marché bréngen. Eng Iddi déi och scho patentéiert gouf.

Lauschtert eran

2019 ass beim amerikanesche Patentamt eng Demande agaange fir eng ''Pulséierend Laserbotz vu Glasuewerfläche vun Autoen''. Dëse System besteet aus engem Laser ënnert dem Capot, enger Erkennung vu Knascht an enger Steierung. Dës soll de Laserstral esou ausriichten, dass et net duerch d'Glas geet.

Op der technescher Duerstellung  vum Patent gesäit een een Tesla Model S, bei dem d'Léiserstraalen net just Knascht vun der viischter Fënster besäitegen, mee och nach vun de Säitescheiwen. Niewent der Glace vum Auto sollen domat an Zukunft och Uewerfläche vu Photovoltaik-Anlage gebotzt ginn.

De Problem bei deem ganzen ass, dass ee Patent net op eng Serieproduktioun hindeit. Fans vun der Mark hoffen natierlech op een Asaz beim Cybertruck, virun allem well op der Presentatioun heivunner keng Wischeren ze gesi waren.

Fir déi klassesch botz vun de Fënsteren huet den Elon Musk mëttlerweil ee weidert Patent ugefrot. Hei gëtt et just ee vertikale Wischer dee vu lénks no riets déi ganz Fënster botzt a beim Net-Gebrauch, horizontal ënnert dem Capot verschwënnt. Am neien Tesla-Roadster kéint dës Technik Realitéit ginn. Wéini an ob de Laser-Wischer eng Kéier op de Maart kënnt ass nach net gewosst.