Per Gesetz soll d'Gekaabels an Zukunft eriwwer sinn. Den 23.September ass dozou nämlech ee Gesetz gestëmmt ginn.

Lauschtert eran

Jidderee vun eis kennt et: Een Tirang mat honnert verschidde Kabelen. Fir deem Chaos aus der Féiss ze kommen, ass scho laang iwwert een eenheetleche Kabel geschwat ginn. Donneschdes den 23. September ass vun der EU ee Gesetz gestëmmt ginn dat d'Hiersteller vun Apparate wéi Smartphones, Tablets, Laptops oder Digitale-Kameraen, dozou brénge soll, op een eenheetlechen Uschloss ze setzen. Fir genau ze sinn, op een USB-C.

Betraff dovunner wär virun allem de Lightning-Kabel vun Apple. Bei den iPads a Macbooks ass et hei mëttlerweil schonn den USB-C. Dat Gesetz géing Apple allerdéngs dorunner hënnere Geräter eraus ze bréngen déi ee ganz ouni Kabel an Uschloss luede kann, spréch just Induktiounslueden. Och Hiersteller wéi Huawai, OnePlus a Xioami beweege sech an déi Richtung.

D'Eu-Kommissioun hofft mat deem Gesetz dozou kënne bäizedroen, dass Geräter fir ze lueden net méi einfach esou bei de gekaafte Geräter dobäi leien. De Gedanken dohannert ass, dass bei engem eenheetlechen Uschloss bei alle Geräter eigentlech just ee Kabel gebraucht gëtt.

Den Entworf ëmfaasst elo mol een eenheetlechen Uschloss fir ze lueden. Zu engem spéideren Zäitpunkt sollen allerdéngs och d'Geräter fir ze luede vereenheetlecht ginn. Mat enger Iwwergangszäit vu 24 Méint, wëll een der Industrie Zäit ginn, hire Prozess deementspriechend unzepassen.