Net just Apple bréngt reegelméisseg Updates eraus, mee och Windows. Ganz interessant ass do elo Windows 11.

Lauschtert eran

Et war scho laang kloer, dass am Hierscht 2021 ee gréisseren Design-Update fir Windows 10 eraus kënnt. Et ass allerdéngs ganz anescht komm wéi geduecht, well Microsoft bemol Windows 11 aus dem Hutt gezaubert huet.

Et fällt direkt op, dass vill Elementer vum geplangte Windows 10x an deenneien Update iwwerholl gi sinn. Weiderhin gëtt et de Light- an Dark-Mode, et ginn nei Standard-Wallpaper an zwar ganz ouni Windows-Logo. Ënnert de Rumeuren ass och déi Folgend: Microsoft huet sech un macOS orientéiert. Ob dat elo stëmmt, do léisst sech driwwer diskutéieren.

Donieft gëtt awer och een ale System nees opgegraff an zwar ''Widgets''. Bei Windows Vista sinn et se mol ginn an elo kommen se zeréck. Ee Widget ass ee klengen Info-Schnipsel déi d'Wieder, News oder Aktien uweisen. Dofir gëtt lénks um Rand quasi een Drëttel vum Schierm ageholl. Domat geet et awer nach net duer. Microsoft huet d'Widgets fir Entwéckler ëffentlech gemaach an zwar esou, dass quasi all Programm do kann eragesat ginn. D'Gréisst vun deem ganze kann den Notzer natierlech individuell auswielen.

Zu gudder Lescht ass dann nach de Microsoft Store geupdate ginn a Windows 11 ass geziilt fir Gamer gemaach, esou behaapt et Microsoft mol selwer. Se wëllen d' Gaming-Offer domat ganz kloer verbesseren.