D'Firma ''Silence'' huet een Elektroauto entwéckelt bei deem de Chauffer säin Akku selwer wiessele kann.

Lauschtert eran

Bis ewell huet sech d'Firma Silence virun allem op d'Produktioun vun E-Scootere konzentréiert. Elo gi se dann ee Schratt méi wäit an hunn een Elektroauto eraus bruecht, dee manner als Auto, mee méi als als Liicht-Gefier wéi zum Beispill een Twizy, ze gesinn ass. Den Design beim Silence S04 ass allerdéngs am contraire zum Twizy, staark un ee richtegen Auto ugeleent.

Um Marché soll d'Innovatioun an zwou verschiddene Varianten eraus kommen. D'Versioun L6e huet ee 6-kilowatt-Moto a kënnt op eng Héchstgeschwindegkeet vu 45 Km/h. Déi aner Versioun huet deemno kloer méi Power a kënnt op 90 Km/h.

Speziell dorunner ass den Akku. Dëse kann een nämlech selwer ausbauen a mat Hëllef vun engem speziell dofir entwéckelten Trolli transportéieren. D'Iddi Hannendrun ass déi, den Akku kënnen ausserhalb ze lueden an e bei Besoin an den Auto anzesetzen. Eidel Akkue kéinten dann esouguer op verschiddene Statiounen einfach ausgetosch ginn. Bei enger Reechwäit vun 150 km, ass dat nawell guer net esou schlecht.

Fir ee Präis vu 7'500 Euro soll een dëst Gefier kënne kafen. Wäit an der Zukunft läit déi Iddi allerdéngs net, well schonn nächst Joer soll a Spuenien d'Produktioun vum Auto ulafen, ugefaangen zu Madrid. Mat enger längt vun 2,33 Meter an enger Breed vun 1,56 km ass den Auto perfekt fir duerch d'Stad ze fueren.