Den Dram vum Fléien ass scho säit Jore fest am Kapp vun de Mënschen. Déi Iddi konkretiséiert sech an zwar net just fir Piloten.

Kuckt een d'Haiser dobaussen, da steet an der Afaart normalerweis een Auto oder ee Moto. An Zukunft kéint do eventuell nach e klenge Flug-Moto stoen. Déi schwedesch Firma Jetson Aero mécht dat méiglech an zwar mam Jetson One. Et ass eng senkrechtstartend Elektrodrone an der eng Persoun Plaz huet. An der Loft erreecht een domat eng Vitess vu ronn 100 km/h an dat bei enger maximaler Héicht bun 1'500 Meter.

De Problem läit allerdéngs aktuell bei der Kommerzialiséierung. Et gëtt keng speziell Ausbildung gebraucht fir mam Jetson one dierfen ze fléien, däerf dofir awer och just iwwer privatem Terrain fléien. No 20 Minutte muss de Senkrechtstarter dann och nees un de Stroum gehaange ginn. Deemno ass et ee Produit fir Leit mat vill Geld an Zäit, wat mat sech bréngt, dass d'Erfindung net an d'Masseproduktioun iwwergeet. Am nächste Joer sollen nämlech just ganzer 12 stéck produzéiert ginn.

Fir gutt 92'000 Dollar kann ee sech dann esou ee Gerät zouleeë virausgesat et ass een net ze schwéier. De Pilot vum Jetson One däerf nämlech net méi schwéier wéi 95 Kilo sinn, well d'Sécherheet hei grouss geschriwwe gëtt. Huet elo zum Beispill d'Persoun u Bord de Joystick fir ze steieren net am Grapp, steiert den Jetson One automatesch a geet an eng kontrolléiert Landung iwwer.

Leider wäerte mer an Zukunft héchstwarscheinlech net domat kënnen op d'Aarbecht oder an d'Schoul fléien.