Nodeem no 1972 de Mound net méi d'Zil vun der Raumfaart war, ass en et elo nees.

Lauschtert eran

D'USA plangen zesumme mat Japan, Kanada an der Europäescher Unioun eng Raumstatioun an d'Ëmlafbunn vum Mound ze bréngen. Déi huet den Numm ''Lunar Gateway'' a soll am Joer 2024 a Betrib goen a ronn 380'000 Kilometer vun der Äerd ewech sinn. Domat ass d'Distanz ronn dausend mol esou grouss wéi déi zu der ISS.

Dëst ass eng Aufgab déi natierlech net einfach ze meeschteren ass. D'Firma SpaceStructures huet sech hei nämlech op d'Produktioun vun extrem liichte Materialie spezialiséiert. Méi Gewiicht bedeit beim Start vun enger Rakéit nämlech och méi Sprit an esou och zousätzlech Käschten. Bei engem Zousazgewiicht vun nëmmen engem Kilo ass een esou séier op engem Plus vun 20'000 Euro. Wat natierlech mat sech bréngt op all Kilo opzepassen an esou gut et geet u Gewiicht ze spueren.

Déi Berliner Firma schafft also scho säit ville Joren u Kombinatioune vu Liichtmaterialien, dorënner zum Beispill vill mat Kuelefaser. Deemno ass et ee Projet dee vill schlau Käpp a Gedold fuerdert. Ee Labo kombinéiert mat engem Wunnraum an dat ronn 380'000 Kilometer vun eisem Planéit fort ronderëm de Mount dréint, kléngt wéi aus engem Film ma soll an 3 Joer Realitéit ginn.