Verschidden Autoshiersteller schaffe säit Joren un enger Software mat der den Auto 100% autonom Fiert. Walmart mécht elo vun esou enger Technik gebrauch.

Lauschtert eran

Keng Firma weltwäit generéiert méi een héijen Ëmsaz wéi déi US-Amerikanesch Supermarché-Kette Walmart. Se sinn dat beschte Beispill dofir, dass ee stationäert Geschäft sech géint den Internet-Handel behaapte kann. Ma och si hu sech awer un déi aktuell Zäit missten upassen, esou zum Beispill wat d'Lagerhalen an déi eenzel Geschäfter ugeet.

Déi klassesch riseg Verkafspunkte vun der Firma, hu se mat méi klenge Buttiker ergänzt. De Problem war hei allerdéngs, dass déi kleng Geschäfter net esou ee grousse Stock hunn an esou ëmmer misste vun deene grousse beliwwert ginn, wat natierlech nees Chauffere fuerdert. Dofir hunn se elo eng Léisung fonnt, déi aktuell am US-Bundesstaat Arkansas op héich modern Aart a Weis ëmgesat gouf.

Walmart kooperéiert do nämlech mam US Startup Gatik. D'Ingenieure vun der Firma hunn ee Camion entwéckelt dee komplett autonom fiert. Dëse fiert reegelméisseg tëscht deene groussen a klenge Geschäfter hin an hier fir se ze beliwweren. Et ass eng Streck vun 11 Kilometer, déi de Camion ganz eegestänneg zeréck leed, ma awer och just déi Streck.

Dëst ass aktuell just een Testprojet, bei deem esouwuel Walmart wéi och de Startup Gatik weise wëllen, dass ee mam autonomen Transport tatsächlech Geld verdénge kann.