An e puer Joer kéint deen éischten Auto vun Apple iwwert d'Stroosse rullen. Woubäi een hei éischter vun engem autonomen Taxi schwätze kann.

Lauschtert eran

Apple kéint an deenen nächst Jore schonn hiren eegenen Auto presentéieren an zwar am Joer 2025, wéi Bloomberg et virun enger Zäitche schonn ugekënnegt huet. Analyste vun der Groussbank Stanley ginn dovunner aus, dass Apple mam Auto net den Individualverkéier stäerke wëll. Inspiréiert hu se sech hei natierlech um Erfolleg vun Tesla.

Ouni Steierrad Pedalle soll den Auto an Zukunft iwwert eis Stroosse rullen, wat deemno natierlech och kee Chauffer viraussetzt. Déi grouss Fro ass elo natierlech wéi den Auto vun der Zukunft ausgesäit. De Fait, dass mëttlerweil scho verschidde Patenter vun der Firma ugemellt goufen, loossen een natierlech spekuléieren.

Dee brittesche Leasing-Firma''Vanarama'' huet unhand vun den ugemellte Patenter a Skizzen een 3D-Bild vum Auto erstallt. Eraus komm ass een SUV-Crossover, deen allerhand Mierkmoler vu verschiddenen Apple-Produiten huet, dorënner natierlech den Apel als Logo fir um Auto. Den Entworf weist donieft nach, dass een d'Sëtzer dréine kann an zwar esou, dass een zum Beispill dem Bäifuerer an d'Ae kucke kann.

Ob den Apple-Car am Endeffekt wierklech esou ausgesäit wéi d'Analyste sech dat virstellen, gi mer da gewuer wann den Auto offiziell Presentéiert gëtt. Bis dohinner muss ee sech allerdéngs nach ee bësse gedëllegen.