“Spirit of Innovation“ ass eventuell dee séierste vollelektresche Fliger vun der Welt.

Lauschtert eran

Nodeems d'Wëssenschaft schonn den elektreschen Auto op eis Stroosse bruecht huet, geet et elo drëms déi Technik och fir Fligeren an den Asaz ze bréngen. Rolls-Royce Holdings huet do schonn ee richtege Schratt an déi richteg Richtung gemaach.

De Fliger mam Numm "Spirit of Innovation" huet nämlech bei engem Testfluch virun e puer Wochen eng maximal Vitess vu 623 km/h erreecht wat an dësem Fall ee Rekord ass. Domat ass et awer nach net duer gaangen. Mat enger gefluner Héicht vu ronn 3'000 Meter an 202 Sekonnen, hu se domat och dëse Rekord ëm ganzer 60 Sekonne gebrach. Verantwortlech ass dofir de 400kW Moto, equivalent zu 535 Päerd. Donieft huet de Fliger eng Batterie verbaut mat 6480 Zellen. Domat kéint een ee Smartphone 7'500 mol oplueden.

Wat den Design vum klenge Fliger ugeet, gläicht e staark engem Kampffliger aus dem zweete Weltkrich an zwar dem Curtiss P-40 vun den Amerikaner, déi ënnert anerem och zu Pearl Harbor an den Asaz komm si fir den Hafe virum Ugrëff vun de Japaner ze schützen.

Et ass also ee Schratt an déi richteg Richtung. Ob a wéini esou eng Technologie och säi Wee an de Persounentransport fënnt, ass awer bis ewell nach net gewosst.