
© Pexels
Et kléngt wéi ''Star Wars'' oder ''Star Trek'', ass hei allerdéngs Realitéit. A China wëlle Wëssenschaftler elo eng ganz besonnesch Raumstatioun bauen.
Kucke mer den aktuelle Fortschrëtt vun eiser Technologie da gesäit een, dass mer effektiv a villem ee gudde Schratt an d'Zukunft gemaach hunn. Ëmmer méi elektresch Autoe fueren op eise Stroossen, ee Fliger mat engem elektresche Moto gouf presentéiert an den Elon Musk, Jeff Bezos a Co. schécke Mënsche mat hire private Raumfaart-Firmen an de Weltall. Woubäi de Musk jo och schonn d'Zil uviséiert, Mënschen op de Mars ze schécken.
Ma a China ginn d'Wëssenschaftler elo nach ee Schratt méi wäit an zwar a Punkto Raumstatioun. Eng Statioun vu ronn 1'000 Meter an der Längt steet do nämlech um Programm. D' National Natural Science Foundation aus China, huet esou ee Raumschëff virgeschloen an zwar fir zukünfteg Fuerschungsaufgaben am Weltall kënnen ze erleedegen. Dozou zielt zum Beispill d'Erfuerschung vum Geheimnis vum Universum, wéi och d'Liewen am Orbit.
Fir d'éischt sinn elo awer mol Etüde lancéiert ginn, mat deenen een erausfanne wëll wéi een esouvill Material iwwerhaapt an den Orbit kritt. Eleng déi Etüde kaschte ronn 2 Milliounen Euro. Géigeniwwer vu ''Live Science'' so de fréieren Nasa-Cheftechnolog Mason Peck, dass dee Projet duerchaus ëmzesetze wär.
Verbonnen ass dat ganzt natierlech mat enorme Käschten. Déi 110 Meter laang International Raumstatioun (ISS) huet nämlech schonn 100 Milliarden Euro kascht. Wéini also a China dee Monster-Projet ëmgesat gëtt ass just nach eng Fro vun der Zäit.